Fausti-Pieps-Ee

(4 customer reviews)

30,00 

Eng Hi-tech Eeër-Auer
Leet dëst Pieps-Ee einfach mat Ären Eeër an de Frigo,
kacht et dann zesumme mat den Eeër am Dëppen
a waart bis d’Pieps-Ee piepst.

Fir lues gekachten Eeër: Zwou Bulle Mokka
Fir hallef gekachten Eeër: Moss am Bic
Fir haart gekachten Eeër: Chachacha am Pyjama

Fir zu Fréiseng 28, rue Robert Schuman ofzehuelen
oder mat der Post geliwwert: 6 euro.
Kategorie:

Dëst technëscht Meeschterwierk ass net einfach eng Auer,
nee se réagéiert op d’Temperatur vun den Eer
fir dass Är Ouschtereeër perfekt ginn.

4 reviews for Fausti-Pieps-Ee

  1. Blau Monique

    Direkt probeiert an et klappt wonnerbar. Wat ech supper fannen ass, dass en d Lider puer mol pipst. Da kann een nach mei genau ofstemmen, weini een se eraus hellt. Fir mech si se perfekt wann e fir d zweet mol Moss am Bick gesongen huet. An et klappt och am Eerkacher.

  2. Felipe

    D Ee hällt wat et versprecht. 100Prozenteg zefridden.

  3. Lucien Schintgen

    Mäi Papp ass e mega Fan vum Fausti. En huet eng Demenz, mee d Lidder kennt en all auswendeg. A wou mer d Noricht kruten dass en net mi do wier wor en immenz traureg. Mer hunn em d Fausti Ee lo geschenkt, an en huet et benotzt a wor mega frou.
    Merci dofir.

  4. Paulo

    Et ass mega. 1a tiptop

Add a review

Your email address will not be published. Required fields are marked *