FUNdamentals Team Lëtzebuerg

29,50 

E Lauschterbuch op Lëtzebuergesch fir déi ganz Famill. Mat ville, flotte Beweegungsaktivitéite fir dobaussen an doheem.
Erof vum Canapé.
Go Go Go. Beweegung mecht frou

Mat innovativer TapTape Technologie. Einfach de Smartphone un de Cover halen, a scho geet et lass.

Fir zu Fréiseng 28, rue Robert Schuman ofzehuelen
oder mat der Post geliwwert: 9 euro.
Kategorien: ,

    Dat klengt Lisa wär gären eng Super-Sportlerin. Enges Dags fënnt et um Späicher eng magesch Schnéikugel an zaubert domadder de Lëtz erbäi. E Léif deen em hëlleft säin Zil ze erreechen.
    Maacht iech zesumme matt dem Lëtz op eng Rees duerch Lëtzebuerg. Entdeckt d’Attraktiounen aus de verschiddene Kantonen a léiert d’Personnagë vum FUNdamentals Team Lëtzebuerg kennen.
    D’Dizzy aus de Wäibierger, dat d’Rullen an d’Dréine beherrscht.
    D’Flobber aus der Useldenger Buerg, dat eng Meeschterin am Sprangen ass.
    Den Eddy, deen am Stauséi wunnt a perfekt schwammen an dauche kann.
    Oder de Pinguin Nutch vun der Äispist zu Beefort, deen d’Rëtschen an d’Fuere meeschtert…
    Stellt iech hiren Aufgaben an eegent iech esou d’Wëssen iwwer déi verschidde Beweegungen un. Mee huelt iech virum Crassa a sengen dräi béise Raten an Uecht!

    FUNdamentals-Team Lëtzebuerg ass eng Beweegungsgeschicht fir Familljen. D’Zil ass et, d’Motorik vun de Kanner ab 4 Joer ze fërderen. Dobäi verwent se déi innovativ Technik vum TapTape. Einfach de Smartphone un de Cover halen, a scho geet et lass.
    Mat villen Aktivitéite ginn d’Kanner zur Beweegung animéiert a léieren dobäi flott Saachen iwwer Lëtzebuerg a seng 12 Kantoner; Sport a Beweegung an nach villes méi …

    D’Beweegungsaktivitéite kënnen souwuel dobaussen, wéi dobannen, op klengem oder groussem Raum, mat vill oder wéineg Material ëmgesat ginn.

    Aner Informatiounen

    Weight 1 kg
    Alter

    Fir déi KLENG

    Kategorien

    Bicher, KINO am KAPP

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “FUNdamentals Team Lëtzebuerg”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *