Lidder

Geschichten

Fir ze dreemen

HANNI BANNI

(60 customer reviews)

ab 88,00 

Den Hanni Banni ass méi wéi eng Spillsaach,
et ass e Soundsystem deen einfach wonnerbar kléngt,
an dee mat den Oure liichte kann.

Méi wéi 40 Lidder a Geschichten, déi ech  erausgesicht hunn, sinn drop.
Am ganzen 5 Stonnen an 18 Minutten Jangli Programm
Fir déi butzeg Kleng a fir d’Puppelcher ass de Knäppchen fir ze dreemen.

d’CD Butzeg Melodien ass ganz drop
d’CD déi Grouss Kannerplack ass ganz drop
an d’Famill Wibbelmaus ass ganz drop

“Schlof Këndche schlof ” ass drop awer wanns du eis däi Virnumm an déi Këscht hei ënne schreifs, spillt den Hanni Banni ganz eleng fir dech, fir dass de richteg schéin dreeme kanns.
Also vill Spaass mam Hanni Banni

Äre Jangli

Faarf
Hanni Banni Faarf - hellblo
1 × Hanni Banni Faarf - hellblo
0,00 
Hanni Banni Faarf - rosa
1 × Hanni Banni Faarf - rosa
0,00 
Hanni Banni Faarf - Rout
1 × Hanni Banni Faarf - Rout
0,00 
De Mäntelchen
Mat dësem bloe Mäntelche mat Engelchers-Flilleken ass däin Hanni Banni ganz musseg an douce fir ze kuschelen, an du kanns e mam Schlawittchen huelen an droen.
Hanni Banni Mäntelchen - Blo
1 × Hanni Banni Mäntelchen - Blo
7,00 

Out of stock

Hanni Banni Mäntelchen - Wäiss
1 × Hanni Banni Mäntelchen - Wäiss
7,00 
Musek
Mir kënnen dës CD(en) direkt fir Iech ganz mat allen Titelen op de Hanni Banni lueden
Léiwe Kleeschen - Um Hanni Banni
1 × Léiwe Kleeschen - Um Hanni Banni
11,00 
Kannermusek - Um Hanni Banni
1 × Kannermusek - Um Hanni Banni
11,00 
Xmas Songs op Lëtzebuergesch (DL131) - Um Hanni Banni
1 × Xmas Songs op Lëtzebuergesch (DL131) - Um Hanni Banni
11,00 
Metti Spaghetti - Um Hanni Banni
1 × Metti Spaghetti - Um Hanni Banni
11,00 
Maus Ketti - Um Hanni Banni
1 × Maus Ketti - Um Hanni Banni
11,00 
Elefanten Twist - Um Hanni Banni
1 × Elefanten Twist - Um Hanni Banni
11,00 
Jidderee kritt en Ee - Um Hanni Banni
1 × Jidderee kritt en Ee - Um Hanni Banni
11,00 
Geschichten
Mir kënnen dës CDe mat Geschichten direkt ganz fir Iech drop lueden
Et wor emol ... déi rout - Um Hanni Banni
1 × Et wor emol ... déi rout - Um Hanni Banni
11,00 
Et wor emol... déi blo - Um Hanni Banni
1 × Et wor emol... déi blo - Um Hanni Banni
11,00 
Dem Maulef seng nei Box - Um Hanni Banni
1 × Dem Maulef seng nei Box - Um Hanni Banni
11,00 
Mam Yuppi op de Yupiter - Um Hanni Banni
1 × Mam Yuppi op de Yupiter - Um Hanni Banni
11,00 
De Maulef beim Weier - Um Hanni Banni
1 × De Maulef beim Weier - Um Hanni Banni
11,00 
Mam Yuppi op de Stau - Um Hanni Banni
1 × Mam Yuppi op de Stau - Um Hanni Banni
11,00 
Accessoiren
Power Supply
1 × Power Supply
9,00 
Fir zu Fréiseng 28, rue Robert Schuman ofzehuelen
oder mat der Post geliwwert: 9 euro.
Bestellnummer: HB01 Kategorie:

     De Jangli HANNI BANNI huet et drop !

    Hien huet Alles bei sech wann e kënnt, hie brauch kee Computer, kee Passwuert,  kee Wlan a kee Wifi.

    • Hien huet eng 60 Lidder drop, dat ass eng Auswiel, souzesoen Best of Jangli Dir kënnt awer och gären nach déi eng oder aner CD derbäi setzten
    • Fir ze dreemen, do ass d’Schloflidd mat dengem Numm drop an déi ganz CD babibutzeg Melodien
    • 5 Geschichten plus 2 Hörspiller, Dir kënnt awer och nach aner Geschichten drop setzten
    • Seng Ouren liichte faarweg
    • Säi Mikro, fir dass der Iech selwer ophuele kënnt, ass agebaut
    • Et ass e Bichelchen mat allen Erklärungen derbäi
    • Hie spillt ee Lidd nom aneren of, dofir ass eng Lëscht am Bichelchen mat der Reihefolleg
    • E Kabel an e Jangli Power-Stecker fir en nees opzelueden.
    • E brauch kee Wifi oder W-Lan an ass direkt prett fir ze spillen.

    Froën déi dacks gestallt ginn:

    Kann een och nach dono aner Lidder oder Geschichten drop setzen? – Jo
    Kann een dat sellwer maachen? – Jo (iwwert de Computer mam mini-USB Kabel deen derbäi ass)
    Ass och eng Kannerspäer drunn? – Jo (de Play-Knäppchen 3 Sekonnen unhalen)
    Geet e vum sellwen aus? – Jo (no 30 Minutten oder dréckt de Knäppche mat der Liichtchen fir 3 Sekonnen )
    Kann ech iergendwou uruffe wann ech net eenz ginn? – Jo (dem Jangli 621 291717)

     

    Aner Informatiounen

    Faarf

    hellblo, rosa, Rout

    Alter

    Fir déi KLENG, Fir déi ganz Kleng

    60 reviews for HANNI BANNI

    1. Schlim Melanie

      also ech hun der am ganzen 6 steck kaaf fir meng Enkekanner ann Uerenkel bis lo huet nach kehn sech beschweiert an geigendeel eng Enkelin as lo 10 joer an hat huet sein schon 6 joer an lauschtert en nach emmer an huet gesoht wei sou net nach anner Yuppi geschichten dran wären well dei sin flott .

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    2. Kim

      Super frëndlech an en léiwen Service. Den Hannibanni ass en super flotten Kadoo, d‘Kanner sinn begeeschtert.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    3. Alex

      Dass eise klengen esou Lëtzeboieg Musik (an Geschichten) kann lauschteren, mecht mech mega frou! 🙂
      Den Hiesschen ass eng leif Idee an mat deem Kostüm ronderem ass et alt bessen mei geschützt, wann en mol duerch Danzparty emgeheit gett 😉

      Merci fir äer mei ❤️

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    4. Jessi Peller

      Flott Musik an Geschichten, ganz einfach ze bedengen, de klengen Butz as begeeschtert an et as een an Kandheetserennerungen. Den Service bei enger Fro as och immenz, schnellen Retour an ganz frendlech.
      Kann ech nemmen recommandeieren.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    5. Kim

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    6. Laurence Schiltz

      Super geklappt
      Schnell geliwert
      An den Hanni Banni ass mega
      Merci 🙏

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    7. Laurence Schiltz

      Super geklappt
      Schnell geliwert
      An den Hanni Banni ass mega
      Merci 🙏

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    8. Laurence Schiltz

      Super geklappt
      Schnell livraisoun an den Hanni Bunny ass super
      Merci 🙏

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    9. Laurence Schiltz

      Super geklappt
      Schnell livraisoun an den Hanni Bunny ass super
      Merci 🙏

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    10. Sandra Kiefer

      De Max huet den Hanni Banni vum Kleeschen kritt an ass super begeeschtert vun sengem neie Frend. Elo wou en och nach sain Mäntelchen unhuet gett et dem Hanni net kaal an de Max kann e kuschelen a matt em raiberen.

      E super Kado fir dei kleng an och vill Freed fur d’Eltren dei matt dese wonnerscheinen Lidder a Geschichten grouss gin sin an des Momentee elo matt hiere Kanner op e neits erliewe kennen. Nemmen ze recommandeieren.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    11. Matthys Jessica

      Super Service! Hun onsem Enkel den Hanni Banni bestallt, den Kleesjien huet en den 6 Dezember matbruecht. Den Kado hat vollen Succés!!!! Merci villmols!!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    12. Zangari Debora

      Einfach nëmmen mega !
      Meng Kanner kruuten der 2 geschénkt an mir waren vum Ufank un begeeschtert. Meng Commande fir menge Frënn hir Kanner war och innerhalb 2 Deeg Doheem ukomm! D’Hiesercher sinn einfach ze benotzen an d’Lidder an d’Geschichten sinn richteg léif

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    13. Jill

      Super Service. Mir hu seit 5 Joer schon een Hanni banni. An elo wollte mir onsem Neveu an Amerika eng Freed domader man. Geschter bestallt an haut konnte mer en schon siichen goen. Obwuel een Numm drop as wou sie nach net hatten.
      villmols merci

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    14. Caro

      Immens schéin, absolut kandgerecht, eise Jong vun 3 Joër huet en intuitiv richteg bedingt an et ass wonnerschéin nach emol kenen an déi eegen Kandheet anzetauchen an all déi schéi Lidder mat den eegenen Kanner ze lauschteren an ze gesin wéivill Freed d’Musik de Kanner bereet. Als Cadeau absolut ze recommandéieren fir Kanneraën zum liichten ze brengen.

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    15. anna

      top iddi

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    16. Mandy

      Den Hanni Banni ass einfach mega. Et ass esou schéin déi eege Kanner d’Lidder aus senger Kandheet lauschteren ze loossen an hinnen esou e Steck vun eiser Kultur matzeginn.
      Bei eis ass e vum 1. Gebuertsdag un non Stop am Gebrauch a geet och iwwerall mat. Mir kënnen den Hanni Banni nëmme weiderrecommandéieren an och de Service après vente ass top 😊

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    17. Mandy

      Einfach nemmen eng mega Idee
      Vir den Kanner ons kultur weider zegin mat sou scheinen Lidder an Geschichten aus der eegener Kandheet 🥰

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    18. Patricia L.

      Einfach fantasteg. Super Kaddo fir e Kand. 😁

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    19. Saskia

      Sou eng mega Idee!
      Ass schéin all déi Lidder, mat deenen een opgewues ass, nach kënnen ze lauschdren an daat mam eegene Butz 🙂
      De personaliséierten Hanni Banni ass einfach top!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    20. kathy.kneip

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    21. Samantha Mergen-Weber

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    22. Thein Monique

      super schéin an gudden Service, as pünklech ukomm

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    23. Marianne M.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    24. Meli

      Den Ouschterhues hat eng gudd Nues an huet mam HanniBunni vill Freed matbruecht 🐰🫶🏼
      En as fir all Aalter geëegt ! 👌🏻

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    25. Corinne

      Mat Zäiten fir Ouschteren ukomm! Den Hanni Banni ass tiptop an huet eise Kanner vill Freed gemaach. Merci!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    26. Jos

      Top Service an een Super Produkt 🙂

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    27. Jos

      Top Service, an een Top Produkt 🙂

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    28. Linda Klaes

      Den Hanni Banni ass daat bäscht waat konnt kaaf gin 🥰 eis Maus vun 5 Joer huet en immens gäeren an hat war nie eent waat gäeren Geschichten lauschtert mee dank dem Hanni Banni huet et daat lo immens gäeren.

      Villmools merci fir deen Hues an fir äeren mega frendlechen service 😊

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    29. Anonymous

      Schnell Liwwerung, super zefridden.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    30. Celine

      vun der Bestellung bis zur Ofhuelung super Betreiung. léif Leit a kompetente Zerviss. mir sinn begeeschtert.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    31. Sally

      Den HanniBanni ass einfach top. Mir géifen eisen neméi hierginn. En treien Begleeder fir den Alldaach. Eist Klengt amüséiert sech immenz domat an duech dei wonneschéin Schlof an Dreem- Musik fällt et him owes en Steck méi einfach fir anzeschlofen.
      Gudd Qualitéit, top Lidder, an gudden Service nach dobai.

      Merci 🙂

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    32. Dany Eberhard

      eisen beuf ass mega freu mam hanni banni leider no 3 joer ass de lautschprecher futti gangen dat waar awer kee problem fier linster studio fier 30 euro krut eisen dario en nein hanni banni 😉 villmols merci

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    33. Pia

      En Hues deen sou vill Freed brengt, siew et matt Musek, matt Geschichten oder Musek fir dei ganz Kleng. Schued dass den Hanni Banni net mei bekannt ass. Fir mech en absoluten Must fir meng Enkelkanner, well och meng Kanner grouss gin sin matt desen Lidder.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    34. Alexandre

      Je voulais prendre un moment pour vous exprimer ma sincère gratitude pour le merveilleux jouet, c’est cadeau précieux pour mon enfant, elle le prend partout avec. Merci beaucoup d’avoir mis vôtre passion au service de tout le monde.

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    35. Alex

      Je voulais prendre un moment pour vous exprimer ma sincère gratitude pour le merveilleux jouet, c’est cadeau précieux pour mon enfant, elle le prend partout avec. Merci beaucoup d’avoir mis vôtre passion au service de tout le monde.

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    36. Elli

      Hanni Banni dat beschte Geschenk waat een engem Bebe schenken kann. Gudd qualiteit gudde sound perfekt. Meng Enkelin ass esou begeeschtert vum Banni,ass all daag am betrieb an derf net vergiess ginn ze lueden soss ass der deiwel lass. Hat dreckt den Hanni Banni esou fest un sech an schleift mat him an. Hun elo schons den 3ten bestallt. 😊.Des keier am roude. Resume: Qualiteit gudde sound ,perfekt normal ass “jangli qualiteit” .😊

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    37. Anouk

      Mäi Meedchen vu 4 Méint ass ‘hin und weg’ vu sengem Hanni Banni. Et ass sou frou mat em, datt e regelméisseg un den Oure geknabbert kritt an dobäi och léif vedréckt gëtt. Merci fir de flotten Hues mat de lëtzebuerger Lidder, Geschichten a Märercher.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    38. Cathy

      Einfach super! Main Jong (2 Joer) geet fraiwelleg Owes ant Bett an lauchtert nach eng Geschicht vum Hanni Bunni bis en angeschlof as. Keng Diskussieunen mei 😉

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    39. Nora Heirens

      Den Hanni Banni ass einfach een “Muss” fir all Kand 🙂
      Sou eng flott Iddie fir de Kanner d’Méiglechkéeet ze ginn vun Ufank un lëtzebuergesch Musik ze lauschteren an ze entdécken 🙂 Einfach nemmen Top !!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    40. Tamara

      Main Maedchen huet sech direkt den 1 Daag an sain Hanni Banni verliebt🥰Haut huet et den ganzen mëtteg mam Banni gedanzt💃😊😄en ass TOP!!!👍🏻✅️MERCI

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    41. Stéphanie

      Mir sinn ganz zefridden mam Hanni Banni, en mëcht wirklech ganz schéin Musik. Den Haptgrond dass mir en kaaf hunn, war dass en lëtzebuergech Lidder drop huet, mir fannen daat ganz wichteg. An wann eist Kléngt vun 10 Méint säin Schloflidd heiert dann kuckt et ganz andächteg, dass deen Apparat him och daat kann firsangen wat d’Mama soss sengt. Mir géngen den Hanni Banni direkt nach eng keier kaafen. Super ass eben och dass en keen Internet brauch. An déi Ouhren hunn eisem Klengen et och ugedoën. 😃

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    42. Robert

      Den Hanni Banni muss emmer dobei sin!

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    43. Kaiser Martine

      Eist Meedchen ass super zefridden mam Hanni Banni. Mir kennen en nemmen weider empfehlen…

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    44. Malou

      Mecht eisem Klengen vill Freed, schéin Musik, einfach ze manipuléieren, genee dat richtegt fir kleng Kanner

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    45. Sandra

      Meng Maus liebt sein Hues en as all daag am gebrauch an mam super personaliseierten Schloflied schleift meng Maus lo emmer an hat freet sech emmer wann et sein Numm dran heiert. Den hues as all cent wert 😜🤪

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    46. Hartz Annick

      Den Hanni Banni has einfach mei wie super. Als Boma kaaf, Kanner sind begeistert. einfach handlich, ganz ganz schein ! Den Hanni Banni has och personalisiert mam Num vum Kand wenn der wellt!!!!Super Produit als Kado fir Kleeschen oder XMAS!!! Merci Jaengy!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    47. Carole

      Een vun de flottste Kadoen dat mäi Meedchen je geschénkt kritt huet 🙂

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    48. Colling Romaine

      Mega zefrieden

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    49. Diane C.

      Den Hanni Banni geet iwwerall mat eiser klenger Maus matt virun an Owes séngt heen hatt mat sengem Numm an de Schlof. Dat ass einfach esou schéin nozelauschteren 👍👍👍
      Den Hanni Banni ass eng mega flott Iddi fir doheem, mee och fir ze verschenken…..

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    50. Marianne

      Meng Enkelin ass nach emmer begeeschtert vum Hanni Banni

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    51. Sandy

      Ass daat Bescht waat mir eist Meedchen kaaf hun. Et ass super frou mat sengem Hanni Banni! Also kann et wirklech nemmen weider empfehlen!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    52. Catherine

      Eise Bëbee krut den Hanni Banni scho mat 4 Woche geschenkt an hatt ass vun Ufank u begeeschtert gewiescht. Hatt laacht direkt wann d Lute vum Hanni Banni uginn.
      Ech kann en nëmme weider recommendéieren an en ass definitiv säi Präis wäert:-)

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    53. Margo

      Den Hanni Banni as einfach super

      Kaf net verifizéiert. Méi Informatiounen

    54. Laura W-P

      Main Bouf ass super frou mat sengem Hanni Banni zumols wann hien mat Den Saluti perseinlech begréisst gett! Flott Musek an schein Geschichten! Den Hues ass super seiss an mat sengem waissen Konstüm och fir 1 jähreg liicht ronderem zedroen! Einfach top!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    55. Lydie

      Super gudden Service!
      Meng Enkelcher sin begeeschtert vum Hanni Banni! 😊

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    56. Sonia Freitas

      Et ass en super Produit an den Service ass MEGA. Kann ech nëmmen weider empfeelen. Den Hanni Banni ass wonnerschéin an d’Lidder sinn esou schéin gesongen an d’Geschichten ginn super flott erzielt.
      An dann sängt en och nach en Schloflidd mam Numm vum Kand 🤩

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    57. Josée-Anne Klein

      Haat ganz vergiess den hues ass vu gudder qualitéit an en huet och e super toun 🙂 Re-Jos

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    58. Josée-Anne Klein

      Kruut eisen Hanni oder Banni ( ? de rosa’en) geschter a sill voll begeeschtert ! ! ! ! d’personnaliséiert lidd geet ennert d’haut, d’equipe ass emmer zu verfürgung, fier d’ausland ass de porto ganz korrekt an en plus bannen 8 deeg waar alles do ! Perfekt merci fier alles ! ! ! Jos

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    59. Lynn

      Een Hues ewei keen aaneren. Am Alldaach dobei an brengt emmer Freed an gudd Laun soubaal en erblëckst gett an wann dann och nach d’Ouren liichten an d’Musik unsprengt herrscht dei gréissten Euphorie an et gett gewackelt, gedanzt an geklappt.
      Vun Bébé un ze recommandéiren! Douce Melodien an eng berouchend Beliichtung hellefen den Butzen an den Schloof.
      Et kann een dank dem USB emmer nei Lidder oder Geschichten drop setzen, esou gett et och wieklech nie langweilech:-)
      Eng originell an perséinlech Spillsaach mat letzebuerger Lidder an Geschichten.
      Merci un d’Equipe, dem Fausti, dem Monica, an dem Jang Linster fir all dei flott Momenter an Souvenirer wou een elo un eis Kanner weider kann gin.

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    60. Laura

      Super frëndlechen an léiwen Service!
      Meng Kanner sin begeeschtert vum Hanni Banni.
      Kann ech nëmmen weiderempfehlen!

      Verifizéierte Kaf. Méi Informatiounen

    Add a review

    Your email address will not be published. Required fields are marked *