Dem Thelma säi Wonsch

19,90 

D’Thelma, e klenge Pinguin huet Angscht dass de “Birthday” net de Wee an d’Land vum Äis fënnt, an hatt fir ëmmer 4 Joer al bleiwe géif.
D’Thelma mécht sech op d’Sich a geet bei seng Frënn, de Willy an d’Sofia an den Äppelbongert.
Zesumme maache si eng wonnerbar Rees wou se ville Frënn begéinen.
Mee, geet dem Thelma säi Wonsch och an Erfëllung…?

E wonnerbaren Animatiounsfilm, fir déi Kleng an d’ganz Famill.
Natierlech als Jangli Magic DVD.
Einfach d’DVD-Box scannen an et geet lass.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
5 euro/DVD
 
Wa Näischt méi geet: 621 699 614
 
Schéin Ouschteren
Äre Jangli
D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Kategorien: ,
    E wonnerschéine, fantasievollen Animatiounsfilm fir déi Kleng. Matt flotter Musek an enger grousser Portioun Gebuertsdag s Zauberei am Magic-DVD Format.

    Mam Charlotte SPIELMANN

    Sarah THOSS – Christophe STROTZ
    Sascha FABER – Rol GIRRES – Jules ORLANDO

    Et sangen: Déborah SCHNEIDER an Eis Clic

    Lëtzebuergesch Versioun: Jang LINSTER

    Aner Informatiounen

    Alter

    Fir déi KLENG

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “Dem Thelma säi Wonsch”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *