Dee klenge Billy an de Butz hu nach ni Niklosdag a Krëschtdag erlieft, well Biren ëm däi Zäit hire Wanterschlof halen.
D’Biremamma schléift schon hallef awer déi zwee näischnotzeg duerchdriwwe Birecher wëllen einfach nët an d’Bett.
Si maache nach en Tiirchen duerch de Schnéi a gesi wéi de Monni Fieschter séch e wonnerschéine Krëschtbeemchen opriicht.
Elo wëllen déi zwee guer nët méi an d’Bett… E wonnerschéine Film fir déi ganz Kleng mat ville schéine Lidder fir Niklosdag a Krëschtdag.
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.