De Kréckel Néckel

11,00 19,90 

Dat hei ass en Hörspill, dat et nët als Download gëtt
well d’Buch einfach ze vill schéin ass.

Wann der d’Buch mam CD bestallt hutt, awer net waarde kënnt bis et do ass,
da schreift u jangli@linster.lu – da schécke mer Iech den Download.

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: B25 Kategorien: , , ,

Dat hei ass e Buch mat Oueren. A mat 24 fantastesche Biller vum Alan Flinn.

Wann EE gutt kréckle kann, dann as et de Kréckel Néckel. De Fausti erzielt a spillt véier fantastësch Geschichte vum Jangli, déi ee gleewe kann (oder och nët).
Do ass zum Beispill de Jaki. E Gakapei… pardon, Papagei, deen op kee Fall schwätze wëll wéi déi aner Papageien.
Oder d’Geschicht vum Grunzi, dem Gronzi an dem Granzi. 3 Schwéngecher déi op de Fuesbal ginn.
An natierlech de Willi Wuerzelwupp, deen engem granzege Stéier begéint deen nëmmen nach rout gesäit.
An der gitt natierlech alles gewuer iwwert de Metzler Benno Bifdeck, de Stuppi Streisel an de Bäcker Mulles Mieltut, deen dat wat e beekt am léifste selwer fruppst.

Mee eigentlech ass et jo och egal op d’Geschichte gekréckelt sinn oder net. Haaptsach se si flott. An da sinn se schon iwwer 30 Joer.

Aner Informatiounen

Alter

Fir déi KLENG

CD oder Download?

CD, Um Jangli Banni

Kommentaren

Et gi nach keng Kommentaren.

Schreift als éischten iwwert “De Kréckel Néckel”

Your email address will not be published. Required fields are marked *