Den Däddibier

(1 customer review)

18,00 

Dëse Film ass als DVD scho laang vergraff.
Well en awer sou schéin ass, kann een en elo erof lueden.

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: N/A Kategorien: , ,

Dat klengt Griselchen a seng Mamma liewe glécklech an ze fridden an der Natur bis …
de Krappo, deen nëmmen un d’Mënz denkt, op d’Iddi kënnt fir Biren ze fänken.
Déi sollen a sengem Theater danze, well Bire méi bëlleg sinn ewéi Balettdänzer.
Zesumme mam Flunti an dem Maestro fänkt en dem Griselchen séng Mamma.
Elo ass hat ganz eleng. Et kuckt an d’Stäeren a rifft dee grousse Bir em Hëllef.
An d’Hëllef kënnt.
Den Däddibir a seng Roboterfrëndin d’Zucki sinn zwar net grouss,
mee se si komm fir all d’Biren ze befreien.
Si sichen iwerall dem Griselchen seng Mamma … mee wou ass se?

mam Noelle GERIN – Robert KAYSER – Monica SEMEDO – Micky ERPELDING
Rol GIRRES – Marc FABER – Pol HOFFMANN – Fernand Fox a mam FAUSTI

75 Minutten Zeechentrickfilm

 

Aner Informatiounen

Alter

Fir déi KLENG

DVD oder DOWNLOAD

Download

1 review for Den Däddibier

  1. Josy

    Deen allerbäschte Janglifilm fun allen Zäiten. De Fausti a senger Glanzroll als Krappo iwerzeegt komplett. De film ass mat 25 Joer an e puer Beier nach genee sou gutt wei mat 6 Joer an enger vollgeschassener Box.
    En Zäitlose Klassiker.

Add a review

Your email address will not be published. Required fields are marked *