Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren.
Si fannen hien ellen, säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int. Hien as ganz onglécklech.
Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen.
Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch: «Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.»
Dat hei as en emoleg schéine Film nom Christian Andersen séngem Mäerchen.
Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem léiwe klenge Noëlle wat doheem fortgelaf as, well et och geduecht huet:
et wäer kee frou mat him. Krëschtag gët dëst Jor wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët.
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.