De Wiplala

19,90 

E Film fir d’ganz Famill

Out of stock

Bestellnummer: DVD108 Kategorie:

    Dee grousse Chrëscht-Film fir déi Kleng an d’ganz Famill

    De Wiplala ass nëmmen zéng Zentimeter grouss, awer hie kann “tinkelen” dat ass esou eng Aart Zauberen.
    Hien ass vun doheem fortgelaf a kënnt duerch e laangen Tunnel bei der Famill Blum am Kicheschaf eraus.
    Wéi hie vun der Kaz iwwerrascht gouf huet en déi einfach ruckzuck vertinkelt, also verstengert.
    De Jonathan an d’Nella Della wëssen net wéi se dem Papp dat erkläre sollen. Dat gleeft dach kee Mënsch.

    De Wiplala kann zwar gutt tinkelen, awer fir zréck ze tinkelen, domat huet hie nach Problemer.
    Wéi en och nach den Dichter Arthur Hollidee an eng riseg Statu verwandelt huet, déi sou grouss ass dass se iwwerall hënnert, muss d’Famill Blum hëllefen.
    Awer wéi de Wiplala a Panik geréit, a si alleguer butzeg kleng vertinkelt, fänkt e grousst Abenteuer un.

    Buch: Annie M.G. Schmidts – Dréibuch: Tamara BOS – Regie: Tim OLIEHOEK – Musek: André DZIEZUK – Eng hollännesch, belsch, lëtzebuergesch Koproduktioun

    mat de Stëmme vum Christoph STROTZ fir de Wiplala
    Tyana SCHARTZ fir d’Nella Della – de Pol KREMP fir de Jonathan
    an de Jules WERNER spillt de Papp.

    Mam Mady DURRER – Patricia BREUER – Carla KLEIN – Sarah THOSS – Sascha GEORGES – Al GINTER – Philippe DONDELINGER – Ronny KWIATKOWSKI – Pierre PUTH – Tom LEICK – Steve KARIER

    Aner Informatiounen

    Alter

    Fir déi KLENG

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “De Wiplala”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *