Mam Jangli rondrëm d’Welt

19,90 

Fir Kanner vun 2 bis 8 Joer

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD87 Kategorie:

De Ben huet um Fernseh gesinn, datt et Déieren op eiser Welt ginn, déi et net gutt hunn.
Se gi gejot a verdriwwen, an elo huet hien Angscht ëm säi gudde Mulles.
Déi zwee maache sech aus dem Stëps.
Wouhinner? Ma einfach de Schinnen no: mam Jangli rondrëm d’Welt
Si begéinen dem Zimbo, dee virun de Jeeër fortlafe muss; der Madame Tiger, déi hiert Heem verluer huet, well se d’Bëscher ofholzen, dem Rob a nach villen anere Frënn.
Mee do ass dee strenge Kontroller, an dee kontrolléiert ob och jiddereen e Billjee huet.
O mei, kann de Ben se all retten …

Kommentaren

Et gi nach keng Kommentaren.

Schreift als éischten iwwert “Mam Jangli rondrëm d’Welt”

Your email address will not be published. Required fields are marked *