d’Zockerlili

19,90 

Fir Kanner vun 2 bis 8 Joer

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD65 Kategorie:

    50 Minutten Zeechentrickfilm mat wonnerschéine Lidder fir kleng a brav Kanner Et as esou schéin am Äerdbiirsgäertchen, dem Zockerlili séng Frënn: d’Marie-Framboise d’Blobiirsbetti an de Mullebutze-Ben plangen eppes ganz spezielles, si wëllen d’Zockerlili iweraschen, op dat klappt…?
    Enges Daags kritt d’Lili e Bréif. Säi Rezept fir déi beschten Äerdbiirs-täertercher vun der Welt huet gewonnen an elo soll hatt op dee grousse Baakconcour op Big Äpple Zitti. D’Zockerlili sëtzt schon am Flijher, mee wat as dann dat do…? dee granzegen, ranzegen Botterschuedi, wëllt onbedéngt mat sénge Rommelschuedië gewannen. Hie probéiert all faulen Trick, mee d’Lili léiert d’Knippchen zu Big Äpple Zitti kennen.
    Et gët spannend, wie gewënnt dëse grousse Concours?

    Mam Zockerlili (Catherine GERIN) – Knippchen (Kelly NIESEN) – Blobiirsbetti (Isabelle HOFMANN) – Mullebutze-Ben (Xavier HOFMANN) – Marie-Framboise (Kelly JANIZZI) – Eclairchen (Nora JANIZZI) – Makréinchen (Joëlle GELHAUSEN) – Stuppi Streisel (Joel ZIMMER) – Jean Fätuu (Rol GIRRES) – Sonnekinnék (Aly BINTZ) – Granzege ranzege Botterschuedi (FAUSTI). Et sangen: Catherine GERIN – Mady DURRER – Susy LENTZ – Fausti – Ab van GOOR

    Aner Informatiounen

    Alter

    Fir déi KLENG

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “d’Zockerlili”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *