Den Tchoupi a seng Frënn

19,90 

Den TCHOUPI a seng Frënn.

17 kleng Filmecher vu 7 Minutte,
fir déi ganz Kleng.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen 
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
 
 
 
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
 
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
 
Schéi Feierdeeg
Äre Jangli

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD122 Kategorie:

    1 D’Muermeldéieren erwächen
    2 Dee léifste Léiw
    3 Déi kleng Maischen
    4 E klengen Tëmpchen
    5 De Stroum ass fort
    6 Pillemen a Plommen
    7 De Sandmännchen
    8 Deen allerschéinste Kaddo
    9 Dee roude Schlitt
    10 Familje Verstoppjës
    11 Dem Bopi säi Rekord
    12 De Yeti am Schnéi
    13 Dee schéinste Beemchen
    14 D’Späichergeeschter
    15 Dee grousse Brudder
    16 Këddeltchoupi
    17 Nimools ouni Lullu

    Mam Noël TANI als Tchoupi
    Lena FRANTZEN – Diogo PASSOS – Martin SALAC als Frënn
    Patricia BREUER als Mamma – Annette SCHLECHTER als Bomi
    Jang Linster als Pappa an Albert KREITZ als Bopi.

    Aner Informatiounen

    Alter

    Fir déi ganz Kleng

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “Den Tchoupi a seng Frënn”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *