Den Diddi Dibbelchen

19,90 

E wonnerschéine Chrëschtdagsfilm aus der Welt vun de Wiichtelcher.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen 
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
 
 
 
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
 
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
 
Schéi Feierdeeg
Äre Jangli
D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD74 Kategorie:

    Vru laanger Zäit, wéi d’Kanner nach keng Spillsaachen haten, war ganz déif am Bësch e klengt butzegt Duerf wou léif kleng Wiichtelcher gelieft hunn.
    An ee vunn hinnen, de Bopa Didenndo mecht sech Suergen well den Diddi Dibbelchen dee klengste vun alle Wiichtelcher, keng Gefor kennt. Hien ass einfach ze vill kéng. …
    An dunn enges Daags wéi dee fatzege Stuerm bléist, passéiert et. Mee ee Gléck de Monni Nikkla fënnt den Diddi a suergt gutt fir hien.
    A séngem Atelier bastelt de Nikkla u Spillsaachen fir d’Kanner awer, wéi soll ech soën, se fonktionéieren iirgendwéi nët grad wéi se sollen.
    Den Diddi hëlleft eng kleng Grimmelchen, a scho klappt et, déi zwee gi grad mat Zäit fäerdeg. Awer sie hate nët matt der Tatta Floudibou,
    mam Snäpp a mam Brozz gerechent. Oh mei elo wäerten déi dach nët dat grousst Fest verdierwen…mee do huet den Diddi nach eng Iddi.

    Et spillen fir den Diddi Dibbelchen dee klengen Chris MARNACH / de Blëtz – Dan SPOGEN
    de Bopa Didenndo Marc FABER / Tatta Floudibou – Karin MELCHERT / Märri Krissmëss – Monique REUTER Monni Nikkla – Steve SCHMIT / Brozz a Snäpp – Fausti CIMA / Kelly – Kelly NIESEN
    d’Kanner – Cathérine GERIN – Max KLEIN / Wiichtelcher – Marion WELTER – Jemp SEIL – Marc SAUER et sangen Karin MELCHERT – Laura LORENTE – Marion WELTER – Michel MEIS

    50 Minutten Zeechentrickfilm – matt 3 wonnerschéine Lidder.
    D’Wiichtelcherslidd – D’Floudibou-Show – Ech wär sou gär doheem

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “Den Diddi Dibbelchen”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *