Dem Kleesche säi Léierbouf

19,90 

Déi fantastesch Geschicht vun deem klengen Nickla; Engem Béifche mat engem groussen Häerz, deen dozou auserwielt gëtt, deen neie Kleeschen ze ginn.
Ob dat esou einfach ass?
E wonnerschéine Chrëschtdagsfilm iwwert de Kleesche mat der Mutz a säi klenge Léierbouf.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen 
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
 
 
 
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
 
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
 
Schéi Feierdeeg
Äre Jangli

 

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD101 Kategorie:

    Den Zinnikleeschen ass elo schonn 178 Joer am Déngscht. Et gëtt héich Zäit dass hien e Nofolger fënnt. Mee dee muss 3 Konditiounen erfëllen:
    E muss Nickla heeschen; E muss e Weesekand sinn; An e muss e gutt a rengt Häerz hunn.

    D’Zinni Zauberkugel seet, dass et nëmmen een esou en Nickla op der ganzer Welt gëtt.
    De Sippo an de Litti maachen sech op d’Sich a fannen… der ZWEE?
    A wien ass dann elo dee Richtege, fir dem Kleesche säi Léierbouf ze ginn?

    Mat de Stëmme vum
    Pol KREMP als Nicki
    Marc FABER als Kleeschen

    Mam
    Shayan MONADJEMI · Diogo MENDES
    Léa a Julie CALMES · Monique REUTER
    Zoe a Françoise MEYLENDER · Susy LENTZ
    Jemp SEIL · Steve SCHMIT · Fausti CIMA
    Raoul ALBONETTI · Ronny KWIATKOWSKY
    Louis WRIGHT · Milli SCHLESSER
    Fons KONTZ · Christophe STROTZ

    Lëtzebuergesch Versioun:
    Jang Linster

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “Dem Kleesche säi Léierbouf”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *