De Percy, d’Sissibell, d’Flopflop an den Tattu erfannen sech hir ege Welt.
De Percy, dee klenge, scheien Tiger, gëtt am Percyland e grousse, staarke Ritter,
a säi Kuschel-Zipp e richtege, liewegen Draach.
Am Sissibell senger Welt ass alles sissimens rosa. Hat verzaubert s alleguer an et kritt ëmmer wat et wëll. Basta!
D’Flopflop dreemt vu floptasteschen Erfindungen déi him all Problemer léisen. Och déi aller komplizéierst.
Den Tattu, deen sech net ëmmer alles traut, ass op Tattu-Island e richtege, wëlle Pirat.
An ëmmer op der sich no Gold. Harrrrh!
8 Fantastesch Geschichten:
1 Dee grousse Molconcours
2 Fändelfest am Percyland
3 De Wonnerstär am Sissiland
4 Grouss Léift zu Flop-City
5 De Ritter ouni Stëmm
6 Am Siweschléifer Land
7 Afenzirkus op Tattu-Island
8 Déi grouss Lampions-Nuecht
Dëse Film gouf ganz hei zu Lëtzebuerg animéiert;
vun der Fabrique d’Images vu Kielen.
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.