Eis Geschicht spillt an engem Kannerheem, wou et de Kanner net gutt geet.
D’Direktrice, déi béis Madamm Knadderlu verspillt all d’Suën, déi fir d’Kanner geduecht sinn owes heemlech mat der Kaart, soudass fir déi Kleng guer näischt iwwereg bleift.
D’Kanner sinn nëmme glécklech wa se ënnert der Tatta Dillendapp spille kënnen. Dat ass déi riseg Dänn am Gaart vum Kannerheem.
Enges Dags plënnert d’Joffer Susi an d’Kannerheem. Vun hir kréien d’Kanner endlech déi Léift déi se verdéngen.
Mee dat passt der Madamm Knadderlu iwwerhapt nët.
Wéi si d’Tatta Dillendapp een Zock ëmhae wëllt, mussen d’Kanner eppes ënnerhuelen.
Oooh, hoffentlech geschitt nach e Wonner….
D’Tatta Dillendapp
19,90 €
En ale Chrëschtdagsfilm aus den USA.
Do hanne quasi onbekannt, mee an der lëtzebuergescher Versioun zanter Jorzéngten e Klassiker.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren (ähnlech ewéi Bluetooth)
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
Schéi Feierdeeg
Äre jangli
D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.






Ronny schneider –
Deen film ass sou kuel, supper daat do