Dee klenge Kleeschen

19,90 

Nom Zinni Nicki 1 -Dem Kleesche säi Léierbouf- elo déi sensationel Suite:
“De klenge Kleeschen”
Elo gi mer endlech gewuer wéi d’Geschicht weidergeet.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen 
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
 
 
 
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
 
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
 
Schéi Feierdeeg
Äre Jangli
D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD119 Kategorie:

    De Nikki huet seng Saach gutt gemaach als Léierbouf, a soll elo de Betrieb vum Kleeschen iwwerhuelen. Dat ass guer net esou einfach, Déi vill Verantwortung; An elo huet sech och nach e klenge Bouf an d’Schlass era geschlach.
    Awer Kanner däerfen dach net am Kleesche säin Atelier.
    Ob dat gutt ausgeet?

    Mam Noël Tani als klenge Kleeschen,
    Sascha Faber als ale Kleeschen.

    mam
    Louis WRIGHT – Monique REUTER – Mia CONTER
    Gabriel STROTZ – Monique MILLE – Renelde PIERLOT
    Al GINTER – Michel WAEHNERT – Claude HUMBERT
    Rol GIRRES – Christophe STROTZ –
    a mam Liam, mam Lana, a mam Pol

    Kommentaren

    Et gi nach keng Kommentaren.

    Schreift als éischten iwwert “Dee klenge Kleeschen”

    Your email address will not be published. Required fields are marked *