De Rudi mat der rouder Nieschen

(2 customer reviews)

19,90 

E Film fir d’ganz Famill iwwert dat berüümtst Renndéier vun der Welt.

An esou fonktionéiert et.
Also mam Handy iwwert d’DVD rutschen,
da kënnt eng Schrëft: NFC-Tag.
Do drop drécke a scho gesidd der de Film um Handy
Beim iphone geet dat automatesch a bei Androit muss der NFC
am Pulldown-Menü aktiwéieren  (ähnlech ewéi Bluetooth)
 
Vum Handy aus kënn der de Film op der Tablet oder um Laptop kucken
riets ënnen (nieft dem Titel vum Film ass e Lautsprecher gemoolt)
do dropp drécken  da geet eng Fënster op, dann Laptop oder tablet wielen,
op Add Divice drécken, dann um tablet oder Laptop
web.taptape.io a ginn, de QR code mam Handy scannen 
a schon ass de Film um tablet/Laptop ze gesinn.
 
 
 
An eng gutt Nooriicht fir all déi di schon e Jangli DVD doheem hunn.
 
Kommt op L-5751 Fréiseng 28, rue Robert Schuman
(fuert op d’Q8 Statioun wéi wann der tanke wéilt, an do geet e Wee erof op eise Parking.
a mir verzauberen Äre Jangli DVD nodréiglech
(deen éischte gratis, wann Dir der méi hutt: 5 euro/DVD)
 
Wa Näischt méi geet: 621 29 1717
 
Schéi Feierdeeg
Äre Jangli

 

D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Bestellnummer: DVD85 Kategorie:

    Dee klenge Rudi wëll enges Daags och e Fléi-Renndéier ginn ewéi säi Pappa.
    Hien huet e gutt Häerz a fäert och guer net; wéi et sech gehéiert fir e Renndéier, dat dem Kleesche säi Schlitt zéie kann.
    Mee… wat ass dann dat do? Séng Nues déi glënnert jo!
    An dann ass do och nach déi iwwel granzeg an äiseg Hex Schudrella.
    Hatt léist et stiermen, dass kee Renndéier vun der Welt dem Zinnikleesche säi Schlitt zéie kann.
    Wéi dann? Kënnt de Kleeschen dëst Joer net? … Ma da kennt dir de Rudi mat der rouder Nieschen awer nach net.

    mam Max BRENNER als klenge Rudi, Maïté ENGELBERG als klengt Susy, Kelly NIESEN, Kevin SCHWINNINGER, Chris MARNACH, Christoph STROTZ, Patricia BREUER als Schuderella,
    Marion WELTER, Susy LENTZ, Mady DURRER, Isabelle MAY, Tinna PETURSDOTTIR Fons KONTZ als Zinnikleeschen, Rol GIRRES, Marc FABER, Jos KOCKELMANN, Jemp SEIL, Al GINTER, Ab van GOOR

    Alter: vun 2 Joer u, wann d’Mamma, d’Bomi, de Bopi oder de Papp derbäi sinn.
    Soss vu 4 Joer un.
    Zeechentrickfilm 75 Minutten

    2 reviews for De Rudi mat der rouder Nieschen

    1. Marianne Hamen

    2. Jeanne Bourg

      Mein klengen Enkel, war begeeschtert

    Add a review

    Your email address will not be published. Required fields are marked *