De Jangli HANNI BANNI huet et drop !
Hien huet Alles bei sech wann e kënnt, hie brauch kee Computer, kee Passwuert, kee Wlan a kee Wifi.
- Hien huet eng 45 Lidder drop, dat ass eng Auswiel, souzesoen Best of Jangli Dir kënnt awer och gären nach déi eng oder aner CD derbäi setzten
- Fir ze dreemen, do ass d’Schloflidd mat dengem Numm drop an déi ganz CD babibutzeg Melodien
- 5 Geschichten plus 2 Hörspiller, Dir kënnt awer och nach aner Geschichten drop setzten
- Seng Ouren liichte faarweg
- Säi Mikro, fir dass der Iech selwer ophuele kënnt, ass agebaut
- Et ass e Bichelchen mat allen Erklärungen derbäi
- Hie spillt ee Lidd nom aneren of, dofir ass eng Lëscht am Bichelchen mat der Reihefolleg
- E Kabel an e Nout -Stecker fir en nees opzelueden . Et ass awer BESSER ET LUED een en iwwert de COMPUTER op
- E muussege wäisse Mäntelchen fir en ze droen
- An eng 100% Jangli’s GARANTIE
Laura –
Super frëndlechen an léiwen Service!
Meng Kanner sin begeeschtert vum Hanni Banni.
Kann ech nëmmen weiderempfehlen!
Lynn –
Een Hues ewei keen aaneren. Am Alldaach dobei an brengt emmer Freed an gudd Laun soubaal en erblëckst gett an wann dann och nach d’Ouren liichten an d’Musik unsprengt herrscht dei gréissten Euphorie an et gett gewackelt, gedanzt an geklappt.
Vun Bébé un ze recommandéiren! Douce Melodien an eng berouchend Beliichtung hellefen den Butzen an den Schloof.
Et kann een dank dem USB emmer nei Lidder oder Geschichten drop setzen, esou gett et och wieklech nie langweilech:-)
Eng originell an perséinlech Spillsaach mat letzebuerger Lidder an Geschichten.
Merci un d’Equipe, dem Fausti, dem Monica, an dem Jang Linster fir all dei flott Momenter an Souvenirer wou een elo un eis Kanner weider kann gin.
Josée-Anne Klein –
Kruut eisen Hanni oder Banni ( ? de rosa’en) geschter a sill voll begeeschtert ! ! ! ! d’personnaliséiert lidd geet ennert d’haut, d’equipe ass emmer zu verfürgung, fier d’ausland ass de porto ganz korrekt an en plus bannen 8 deeg waar alles do ! Perfekt merci fier alles ! ! ! Jos
Josée-Anne Klein –
Haat ganz vergiess den hues ass vu gudder qualitéit an en huet och e super toun 🙂 Re-Jos