Lidder

Geschichten

Fir ze dreemen

XMAS HANNI BANNI (Chrëschtdags Editioun)

88,00 93,00 

Den Hanni Banni mat der Mutz.

De XMAS HANNI BANNI huet Niklos a Krëschtlidder drop
An natierlech huet en och seng Mutz dobäi, déi net nëmmen him, mee och ärem Kand passt.

Den Hanni Banni ass méi wéi eng Spillsaach,
et ass e Soundsystem deen einfach wonnerbar kléngt,
an dee mat den Oure liichte kann.

Am ganzen 5 Stonnen an 18 Minutten Jangli Programm
Fir déi butzeg Kleng a fir d’Puppelcher ass de Knäppchen fir ze dreemen.

déi nei Chrëschtdags CD ass ganz drop
an d’Niklos CD mam Räpp vum Housécker am Läpp a mam Léiwe Kleeschen
Et si Chrëschtagsgeschichten ewéi: De Kleesche mat der Bëschofskap drop
a fir gutt ze schlofen
lauter fonkelnei Melodien fir Chrëschtdag

“Schlof Këndche schlof ” ass drop awer wanns du eis däi Virnumm an déi Këscht hei ënne schreifs, spillt den Hanni Banni ganz eleng fir dech, fir dass de richteg schéin dreeme kanns.
Also vill Spaass mam Hanni Banni

Äre Jangli

Däin Hanni Banni ka nach vill méi!

Dir kënnt dës CD\'en nach derbäi drop lueden

Fir zu Fréiseng 28, rue Robert Schuman ofzehuelen
oder mat der Post geliwwert: 9 euro.
Bestellnummer: HB01-1 Kategorie:

 Den HANNI BANNI mat der Mutz huet et drop !

Hien huet Alles bei sech wann e kënnt, hie brauch kee Computer, kee Passwuert,  kee Wlan a kee Wifi.

  • Hien huet Niklos a Chrëschtlidder drop. Dir kënnt awer och gären nach déi eng oder aner CD derbäi setzten
  • Fir ze dreemen, do ass d’Schloflidd mat dengem Numm drop a fonkelnei Chrëscht-Schlof-Spillauer Melodien
  • 5 Geschichten plus de ganze CD vum klenge Prënz , Dir kënnt awer och nach aner Geschichten drop setzten
  • Seng Ouren liichte faarweg
  • Säi Mikro, fir dass der Iech selwer ophuele kënnt, ass agebaut
  • Et ass e Bichelchen mat allen Erklärungen derbäi
  • Hie spillt ee Lidd nom aneren of, dofir ass eng Lëscht am Bichelchen mat der Reihefolleg
  • E Kabel an e Nout -Stecker fir en nees opzelueden . Et ass awer BESSER ET LUED een en iwwert de COMPUTER op
  • E brauch kee Wifi oder W-Lan an ass direkt prett fir ze spillen.
  • E muussege wäisse Mäntelchen fir en ze droen
  • An eng 2 Joer  Jangli’s GARANTIE

Froën déi dacks gestallt ginn:

Kann een och nach dono aner Lidder oder Geschichten drop setzen? – Jo
Kann een dat sellwer maachen? – Jo (iwwert de Computer mam mini-USB Kabel deen derbäi ass)
Ass och eng Kannerspäer drunn? – Jo (de Play-Knäppchen 3 Sekonnen unhalen)
Geet e vum sellwen aus? – Jo (no 30 Minutten oder dréckt de Knäppche mat der Liichtchen fir 3 Sekonnen )
Kann ech iergendwou uruffe wann ech net eenz ginn? – Jo (dem Jangli 621 291717)

 

Aner Informatiounen

Alter

Fir déi KLENG, Fir déi ganz Kleng

Faarf

hellblo, rosa, Rout

Kommentaren

Et gi nach keng Kommentaren.

Schreift als éischten iwwert “XMAS HANNI BANNI (Chrëschtdags Editioun)”

Your email address will not be published. Required fields are marked *