Mar huet de Waldemar Gebuertsdag an dofir hunn de Fränz an den Johnny an all seng Frënn op Mullewapp fir hien déi schéinsten Iwerraschung am Schapp.
Awer eis Frënn haten net mat deem nidderträchtegen Här Horst von Borst gerechent.
Wa Frënn zesummen halen da packen se Alles,souguer e schéinen décke Gebuertsdagskuch.
mam
Noël TANI – Simon LAROSCHE – Raoul ALBONETTI
Mia CONTER – Paddy FRERES – Jenny KENTON – Monique MILLE
Marcel HEINTZ – Al GINTER – Sascha FABER – Gabriel a Christophe STROTZ
Zeechentrickfilm 78 Minutten. Et ass e Film wou et ëm Frëndschaft geet
Et gëtt vill gelaacht, awer och heiansdo gestridden a sech zerklappt,
dofir ass et gutt wann d’Mamma de Pappa d’Bomi oder de Bopa matkucken.
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.