E kënnt mat enger Auswiel vu lëtzebuergesche Lidder a Geschichten.
D’CD klenge Prënz a Yuppi wat en Zirkuss si scho ganz drop.
Well vu villen CD e puer Lidder schonn drop sinn ass d’ganz CD um Jangli Banni och méi bëlleg.
Dir kënnt drop luede wat Iech am beschte gefällt,
de Jangli Banni fonktionéiert ewéi e genialen USB-Stick.
Du kanns souvill CD’en drop setze wi’s de wëlls,
an dat flottst du kanns all eenzel CD uwielen,
da spillt hien der de ganzen CD, oder ëmmer dat selwecht Lidd wi’s de wëlls.
E geet sougur no 30 oder 60 Minutte vum sellwen aus
Mir kënnen der och däi Schloflidd mat dengem Numm drop setzen
sou wéi um Hanni Banni.
E fonktionéiert och als BLUETOOTH Lautsprecher,
dat heescht mat der Mamma hirem Handy
oder mam Papp sengem Computer
E Supper Sound, an en ass zimlech robust,
e geet mat dir duerch déck an dënn.
Wann der net ëmmer e Computer bei Hand hutt, fir de Jangli Banni opzelueden
kënnt der deen extra Power Supley (5V,2A) mat bestellen.
Mat der Jangli Garantie genee wéi beim Hanni Banni
Sandrine P –
Maer recommandéieren de Jangli Banni!
• Schéinen design, Kanner kennen en einfach unhalen
• Super sound! An zolitt (dat muss en sin mat klenge Kanner)
• Di 2 Kleng wuaren super frou iwwert hier personaliséiert Messagen a Lidder an fannen et och immens flott Musek and Geschichten op Letzebuergesch ze lauschteren an d’Sprooch ze léieren an ze erhalen
• Et muss een sech a bessi dru gewinnen Lidder ze fannen an Albumen ze wiesselen, mee wann een et bis erausfennt ass et einfach (mengen di Kleng kennen dat souwisou besser)
Lisa –
Genau wei den Hanni Banni ass den Jangli Banni een groussen Succès hei heem. Doduerch dass en méi kleng kann en iwwerall mattransportéiert gin, wat immens praktesch ass.
een Bonus ass natierlech den Bluetooth.
En ass einfach ze benotzen, huet en flotten Design, super Sound an zimlech robust.
Perfekten Cadeau fir all Kand.
Di perséinlech Begréissung mam Numm ass natierlech een Highlight, do bléit all Kand ob.
Villmools Merci Jangli!
Sandy Reinardt –
Ass sou flott fir dei ganz kleng en ass handlesch fir sie et kann een en iwerall mathuelen et kann een och iwer bluetooth lidder oder geschichten laafen lossen kann et nemen recommandéieren .
Preis lëschtung ass top an en ganz leiwen service au client 🙂
Merci 🙂
Annick –
Mir sin begeeschtert vum neien Jangli Banni!
Nom Hanni Banni deen heiheem Daag an Nuecht gelaaf ass, hun d‘Kanner elo een neien Frënd, deen sie souguer dobaussen um Velo an op der Trottinette begleed 🙂
Sie sin super frou, an den Akku hällt och éiweg laang.
En ass kleng, gudd Qualitéit an gudden Sound.
Vum Inhalt guer net ze schwätzen, perfekt fir all Kand 🙂
Fir all dei wou nach op der Sich no engem Kado sin, deen secher gudd ukënnt..
—> bestellt den Jangli Banni an iwwerzeegt ierch selwer 🙂
Fanny –
D’Lia ass ganz frou mat séngem Jangli Banni! En ass super robust, einfach ze benotzen an esou séiss vum Design hier. Besonnësch begeeschtert war et dovun dass de Jangli Banni hatt mat séngem Numm begréisst an och vum Schloflitt mat séngem Numm. Et ass och wierklech praktësch dass ee kann op de Jangli Banni setze wat ee wëll, well d’Lia benotzt e vill fir séng Lieblingslidder an de verschiddene Sproochen ze lauschteren. De Grëff ass och tiptop fir dass kleng Hänn e kënnen unzehalen. De Contenu dee schon drop ass, ass ganz flott.
Klaes Linda –
De Jangli Banni ass genial, esou wei schon den Hanni Banni 🙂
En ass einfach ze bedeengen, einfach ze verstoen fir en Kand
Super flott Lidder an Geschichten gin et och drop mee den absoluten Highlight ass dei perseinlech Begréissung vum Kand an sein personaliseiert Schlooflidd.
E ganz flotte Supplément ass, dass een den Jangli Banni kann als Lautsprecher huelen, wann een en iwwer Bluetooth connecteiert.
E klenge Minuspunkt ass leider dass ech sou wei beim Hanni Banni keng CD’en selwer oder MP3 Dateien kann drop setzen, mee daat ass lo guer net schlemm.
Eis Maus ass mega frou mat sengem Jangli Banni well en wirklech flotten Design an Content huet an hat en iwwerall kann mathuelen.
Villmools Merci léiwen Jangli an mir hoffen op ganz vill weider CD’en an DVD’en wou de Kanner vill freed mescht beim kucken an lauschteren.