Fënnef kleng Hiesercher: d’Bëmmelchen, de Muerzel, de Lappes, de Knobbes an de Lämpi, liewe mat der Bomi an hirem gudde Papp. Si léiere gutt; si follege gutt; si namme gutt; si laachen a si schaffe vill. Si sinn d’Hoppelbutz Famill.
Enges Daags huet de Pappa eng grouss Iwerraschung: si plënneren. Wann esou kleng Hiesercher méi grouss ginn, ass dat wi wann d’Haus méi kleng géif ginn. Wow, dat neit Haus ass fantastesch. Just de Lappes ass traureg: Heiheem hat hien dach séng Frënn; hien kennt de Wee fir an d’Schoul schon auswänneg, an do ass jo och nach dat Kuebeketti…
Bëmmelchen – Maïté ENGELBERG, Muerzel – Prisca MARNACH, Lappes – Yorrick CORREIA, Knobbes – Philippe SCHMIT, – Lämpi – Chris MARNACH, Jos Hoppel – Félix EISCHEN, Bomi – Monique MILLE, Fladderjak – Fausti CIMA, Kuebeketti – Mady DURRER, Ilse an Elsa – Théa ENGEL a Karin MELCHERT
et sangen: Michel Meis – Marion WELTER – Faustino CIMA
Opnahmen: Jang LINSTER
Zeechentrickfilm, 60 Minutten mat flotte Lidder
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.