E klenge Mippchen, de Wolli, as am Bësch verluer gaang.
Mee zum Gléck begéint e sechs kleng Hiesercher: De Flizz, de Knulles, d’Nabbel, d’Koppi, d’Knipp an de Bullchen. Se huelen en an hirer Huesefamill op a léieren hien alles wat een am Bësch wësse muss fir e richtegen Hieschen ze ginn. Mee wat ass mam Karlo Klabes? Deen huet näischt Guddes am Sënn. An de Wolli mengt wierklech, alleguer d’Mënsche wieren den Déieren hir Frënn? Dat wëssen d’Hiesecher awer besser. De Wolli huet nach vill ze léiere, wann en ee vun hinne wëll sinn. Zum Beispill, dass een net ëmmer fortlafe kann, an sech heiansto senger Angscht stelle muss.
Zum Gléck huet deen heiten Hieschen déi richteg Nieschen.
Den Hieschen mat der Schnoffelnieschen
19,90 €
Dee schéinsten Ouschterdagsfilm
ouni Ouschtereeër an Ouschterhues.
E Film fir déi ganz Famill.
D'Liwwerung ass gratis vu 25 Euro un hei am Land.
Aner Informatiounen
Speziell Deeg | Ouschteren |
---|---|
Alter | Fir déi KLENG |
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.