Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren.
Si fannen hien ellen. Säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int.
Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen.
Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch:
«Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.»
En emoleg schéine Film nom Hans Christian Andersen séngem Mäerchen.
Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem klengen Noëlle, dat doheem fortgelaf as.
Well et och geduecht huet, et wäer kee frou mat him.
Mee Krëschtag gët dëst Joer trotzdem wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët.
Kommentaren
Et gi nach keng Kommentaren.