Wëllkomm, Net agelogged aloggen
DVD113

NIKLOSDAG

minichef
An de Waggon
16.00 EUR

minichef

Best-Nr.KC1

MINICHEF
DAT GROUSST KANNERKACHBUCH
mam Jeff a mam Steff
vum Jangli & Peral fir de Kichechef

op franséisch vum Claude Frisoni

12 fantastesch gemoolte Rezepter fir gutt ze kachen an ze baken.
Hei kënnen d'Kanner alles selwer maachen.

Ewéi Kapp-Cakes oder Muffins,
Bögermaisercher- Kniddelen - Panecher - Kale Mupp - Zauberbierger
a well bei eis Näischt ewech gehäit gëtt, mol kee Stéck Brout
weist de Jeff an d'Steff iech ewéi een e fantastesche
Botterschmierepudding mécht.

An denkt drunn:
Och déi beschte Käch si Nullen
wa se dono net gär spullen.

Trailer

minichef
Léiwe Kleeschen
An de Waggon
17.00 EUR

Léiwe Kleeschen

Best-Nr.CD40

Hei sin all déi gutt al Kleesercherslidder beieneen ewéi:
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen - Nach emol gi mir schlofen -
Kanner, loost mer lëschteg sin - Am Uewe potert d'Feier
Am Dezember vru Niklosdag - Ei,ei,ei lo as de Kleeschen hei.

Awer och dem Monica säin éischten Hit - De Räpp vum Housécker am Läpp -
O wat hätt ech gär, wa mäi Pabba méi oft bei mir wär
Léiwe Kleeschen, ech verspriechen dir -
Et rabbelt an der Broutgaass.

Léiwe Kleeschen ech verspriechen dir 01 - Léiwe Kleeschen ech verspriechen dir
De Räpp vum Houseker am Läpp 02 - De Räpp vum Houseker am Läpp
Nach emol gi mer schlofen 03 - Nach emol gi mer schlofen
Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen 04 - Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen
Bal um Enn vun der Welt 05 - Bal um Enn vun der Welt
't rabbelt an der Broutgaass 06 - 't rabbelt an der Broutgaass
Am Dezember vrun Niklosdag 07 - Am Dezember vrun Niklosdag
Kanner loosst mer lëchteg sinn 08 - Kanner loosst mer lëchteg sinn
O wat hätt ech gär 09 - O wat hätt ech gär
Am Uewe potert d'Feier 10 - Am Uewe potert d'Feier
ei, ei, ei, lo as de Kleeschen hei 11 - ei, ei, ei, lo as de Kleeschen hei
Gutt Nuecht 12 - Gutt Nuecht
Babibutzeg Melodien
An de Waggon
17.00 EUR

Babibutzeg Melodien

Best-Nr.CD105

Mama (Bohemian Rhapsody vu Queen) - De Jangli fiert de Bierg erop
Wéi meng Mamm nach huet gesponnen - Sëlwer Mound
Gutt Nuecht (aus dem Kleesche mat der Mutz)
Engelcher (Angels - Robbie Williams)
Himmelsdéierche fléi - Häppi Diwwi - Léif Mamm
Duckel dech bei mech (Nights in white satin)
Mar de Moien (Morgendämmerung)

Fir ze lauschtern, klickt op PLAY

Mama 01 - Mama
De Jangli 02 - De Jangli
Wéi meng Mamm 03 - Wéi meng Mamm
Sëlwer Mound 04 - Sëlwer Mound
Gutt Nuecht 05 - Gutt Nuecht
Engelcher 06 - Engelcher
Himmelsdéierche fléi 07 - Himmelsdéierche fléi
Häppi Diwwi 08 - Häppi Diwwi
Léif Mamm 09 - Léif Mamm
Duckel deck bei mech 10 - Duckel deck bei mech
Mar de moien 11 - Mar de moien
De Bib
An de Waggon
19.90 EUR

De Bib

Best-Nr.B17

Dat hei ass e Buch mat Oueren
a mat 24 fantastesche Biller

De Bib bei de Wiichtelcher, dat as d'Geschicht vun engem klenge verwinnte Bouf de Bib, deen enges Dags krank gët a vun de Wiichtelcher dreemt. No neng Deg bei de Wiichtelcher gët de Bib e wonnerbare Kärel, jo hie gët e Prënz mee bis dohin as et e laange Wee. D'Geschicht as e lëtzebuerger Klassiker geschriwwe vum Wëllem Weis. Et as mat richtege Wiichtelcher gespillt an et sangen: Marion Welter, d'Susy Lentz, an den Änder Hirtt.

Trailer

De Bib
Den Zinni Nicki
An de Waggon
19.90 EUR

Den Zinni Nicki

Best-Nr.DVD101

Den Zinnikleeschen ass elo schonn 178 Joer am Déngscht, et gëtt héich
Zäit dass hien e Nofolger fënnt. Mee dee muss 3 Konditiounen erfëllen:
e muss Nickla heeschen,
et muss e Weesekand sinn,
an e muss e gutt a rengt Häerz hunn.

D’Zinni Zauberkugel seet,
dass et nëmmen een esou e Nickla op der ganzer Welt gëtt.
De Sippo an de Liti maachen sech op d’Sicha fannen … der zwee.
A wien ass elo dee richtege fir dem Kleesche säi Léierbouf ze ginn ?

Mat de Stëmme vum
Pol KREMP als Nicki
Marc FABER als Kleeschen

Mam
Shayan MONADJEMI · Diogo MENDES
Léa a Julie CALMES · Monique REUTER
Zoe a Françoise MEYLENDER · Susy LENTZ
Jemp SEIL · Steve SCHMIT · Fausti CIMA
Raoul ALBONETTI · Ronny KWIATKOWSKY
Louis WRIGHT · Milli SCHLESSER
Fons KONTZ · Christophe STROTZ

Lëtzebuergesch Versioun:
Jang Linster

Trailer

Den Zinni Nicki
De Rudi
An de Waggon
19.90 EUR

De Rudi

Best-Nr.DVD85

Dee klenge Rudi wëll enges Daags och e Fléi-Renndéier ginn ewéi säi Pappa. Hie fäert net an en huet e gutt Häerz. Mee, o kuck emol, wat ass dann dat do, séng Nues déi glënnert jo!

De Bouni an den Doddo hunn eng gestiicht. O mei elo ass d'Schudrella awer wiirklech béis. Hatt léist et stiermen a bléist esou staark dass kee Renndéier vun der Welt dem Zinnikleesche säi Schlitt elo zéie kann. Wéi dann ? Kënnt de Kleeschen dëst Joer net? ... Ma da kennt dir de Rudi mat der rouder Nieschen awer nach net.

mam Max BRENNER als klenge Rudi, Maïté ENGELBERG als klengt Susy, Kelly NIESEN, Kevin SCHWINNINGER, Chris MARNACH, Christoph STROTZ, Patricia BREUER als Schuderella, Marion WELTER, Susy LENTZ, Mady DURRER, Isabelle MAY, Tinna PETURSDOTTIR Fons KONTZ als Zinnikleeschen, Rol GIRRES, Marc FABER, Jos KOCKELMANN, Jemp SEIL, Al GINTER, Ab van GOOR

Alter: vun 2 Joer unn, wann d'Mamma, d'Bomi, de Bopi oder de Papp derbäi sinn.
Soss vu 4 Joer un.
Zeechentrickfilm 75 Minutten

Trailer

De Rudi
Wiplala
An de Waggon
19.90 EUR

Wiplala

Best-Nr.DVD108

DE WIPLALA

Dee grousse Chrëscht-Film fir déi Kleng an d'ganz Famill

De Wiplala ass nëmmen zéng Zentimeter grouss,
awer hie kann "tinkelen" dat ass esou eng Aart Zauberen.
Hien ass vun doheem fortgelaf a kënnt duerch e laangen Tunnel bei der Famill Blum am Kicheschaf eraus.Wéi hie vun der Kaz iwwerrascht gouf huet en déi einfach ruckzuck vertinkelt, also verstengert.
De Jonathan an d'Nella Della wëssen net wéi se dem Papp dat erkläre sollen. Dat gleeft dach kee Mënsch.

De Wiplala kann zwar gutt tinkelen, awer fir zréck ze tinkelen, domat huet hie nach Problemer. Wéi en och nach den Dichter Arthur Hollidee an eng
riseg Statu verwandelt huet, déi sou grouss ass dass se iwwerall hënnert, muss d'Famill Blum hëllefen. Awer wéi de Wiplala a Panik geréit, a si alleguer butzeg kleng vertinkelt, fänkt e grousst Abenteuer un.

Buch: Annie M.G. Schmidts - Dréibuch: Tamara BOS - Regie: Tim OLIEHOEK - Musek: André DZIEZUK - Eng hollännesch, belsch, lëtzebuergesch Koproduktioun

mat de Stëmme vum Christoph STROTZ fir de Wiplala
Tyana SCHARTZ fir d'Nella Della - de Pol KREMP fir de Jonathan
an de Jules WERNER spillt de Papp.

Mam Mady DURRER - Patricia BREUER - Carla KLEIN - Sarah THOSS - Sascha GEORGES - Al GINTER - Philippe DONDELINGER - Ronny KWIATKOWSKI - Pierre PUTH - Tom LEICK - Steve KARIER

Trailer

Wiplala
De Wonnerstaer
An de Waggon
19.90 EUR

De Wonnerstaer

Best-Nr.DVD62

Et huet een et nët liicht, wann een anescht wéi déi aner as. Dee klengen Omar as nët ewéi séng Intebridder a Schwësteren. Si fannen hien ellen, säi Kapp wäer ze déck a säi Schniewel ze laang fir eng Int. Hien as ganz onglécklech. Dunn héiert hien eppes Wonnerbares: Wann een ëm Krëschtdag an d’Stäere kuckt, kann ee séch eppes wënschen. Oh mei, dat as genee dat richtegt, well hien huet nëmmen een enzege Wonsch: «Wann hien dach gutt esou wéi déi aner wäer.» Dat hei as en emoleg schéine Film nom Christian Andersen séngem Mäerchen. Mat schéine Lidder, mat dem Mister Tschiiss, a mat deem léiwe klenge Noëlle wat doheem fortgelaf as, well et och geduecht huet: et wäer kee frou mat him. Krëschtag gët dëst Jor wonnerschéin, well et de Wonnerstäer wiirklech gët.

Trailer

De Wonnerstaer
Diddi Dibbelchen
An de Waggon
19.90 EUR

Diddi Dibbelchen

Best-Nr.DVD74

Vru laanger Zäit, wéi d’Kanner nach keng Spillsaachen haten, war ganz déif am Bësch e klengt butzegt Duerf wou léif kleng Wiichtelcher gelieft hunn. An ee vunn hinnen, de Bopa Didenndo mecht sech Suergen well den Diddi Dibbelchen dee klengste vun alle Wiichtelcher, keng Gefor kennt. Hien ass einfach ze vill kéng. ...An dunn enges Daags wéi dee fatzege Stuerm bléist, passéiert et. Mee ee Gléck de Monni Nikkla fënnt den Diddi a suergt gutt fir hien. A séngem Atelier bastelt de Nikkla u Spillsaachen fir d’Kanner awer, wéi soll ech soën, se fonktionéieren iirgendwéi nët grad wéi se sollen. Den Diddi hëlleft eng kleng Grimmelchen, a scho klappt et, déi zwee gi grad mat Zäit fäerdeg. Awer sie hate nët matt der Tatta Floudibou, mam Snäpp a mam Brozz gerechent. Oh mei elo wäerten déi dach nët dat grousst Fest verdierwen...mee do huet den Diddi nach eng Iddi.

Et spillen fir den Diddi Dibbelchen dee klengen Chris MARNACH / de Blëtz - Dan SPOGEN
de Bopa Didenndo Marc FABER / Tatta Floudibou - Karin MELCHERT / Märri Krissmëss - Monique REUTER Monni Nikkla - Steve SCHMIT / Brozz a Snäpp - Fausti CIMA / Kelly - Kelly NIESEN
d’Kanner - Cathérine GERIN - Max KLEIN / Wiichtelcher - Marion WELTER - Jemp SEIL - Marc SAUER et sangen Karin MELCHERT - Laura LORENTE - Marion WELTER - Michel MEIS

50 Minutten Zeechentrickfilm - matt 3 wonnerschéine Lidder.
D’Wiichtelcherslidd - D’Floudibou-Show - Ech wär sou gär doheem

Trailer

Diddi Dibbelchen
De Kleesche mat der Mutz
An de Waggon
19.90 EUR

De Kleesche mat der Mutz

Best-Nr.DVD32

Dee klenge Billy an de Butz hu nach ni Niklosdag a Krëschtdag erlieft, well Biren ëm däi Zäit hire Wanterschlof halen. D'Biremamma schléift schon hallef awer déi zwee näischnotzeg duerchdriwwe Birecher wëllen einfach nët an d'Bett. Si maache nach en Tiirchen duerch de Schnéi a gesi wéi de Monni Fieschter séch e wonnerschéine Krëschtbeemchen opriicht. Elo wëllen déi zwee guer nët méi an d'Bett... E wonnerschéine Film fir déi ganz Kleng mat ville schéine Lidder fir Niklosdag a Krëschtdag.

Trailer

De Kleesche mat der Mutz